Appel fir d'Marche pour le climat - FREIDEG 27. SEPTEMBER

WhiteBPOABWBanner_long.jpg

Appel fir d'Marche pour le climat - FREIDEG 27. SEPTEMBER

von Fairtrade Lëtzebuerg

United For Climate Justice

FREIDEG 27. SEPTEMBER
15h - Départ:
Place de l'Europe | Lycée de Garçons Luxembourg | Geeseknäppchen | Gare Centrale

4:30PM
Place Clairfontaine

Appel fir d'marche pour le climat vun dësem Freideg, lancéiert vu Youth for Climate

An de lëschte Méint hunn vill Aktioune gréisstendeels vu Jonken zur Klimakriis statt fonnt, ëmmer méi extrem Wierderevenementer wéi staark Hëtzeperioden, staark Stierm an Iwerflutunge sinn och zu Lëtzebuerg opgetrueden. Et ass Zäit dass mer all zesumme komme fir eng vun de gréissten internationale Klimaaktiounen déi et jee ginn ass.
Wärend der weltwäiter „Week for Future“ vum den 20. bis 27. September wäerten international koordinéiert Aktiounen sou wéi grouss Mobilisatioune stattfannen. Jonk Aktivist*innen, Klimaaktivist*innen, ONG'en a Gewerkschaften hunn sech zesummegedoe vir de 27. September och zu Lëtzebuerg eng massiv Klimamobiliséierung an d’Liewen ze ruffen.
Et mussen elo sozial gerecht Mesurë geholl gi vir d’Klimakriis ze stoppen. Wann mer Klimagerechtegkeet soen, schwätze mer vu Gerechtegkeet tëscht globalem Norden a Süden, tëschent de verschidde Generatiounen, tëscht räich an aarm. All déi bestoend Ongläichheete ginn duerch d Klimakriis nach weider verschlëmmert, et ass noutwendeg se zesummen ze bedenken an ze bekämpfen.
Ops du Aarbechter*in, Ugestallten, Bauer*in, Student*in, Pensionéiert, Employeur*se, nei*en oder erfuerenen Aktivist*in, (Grouss-)Elteren, Kand oder Enkel*in bass, all eenzel Persoun gëtt gebraucht vir en nohaltege Wandel erbäizeféieren!
Mer ruffe JIDDEREEN deen sech ELO fir Klimagerechtegkeet asetze well dozou op mat eis de 27ten September um 15:00 an der Stad Lëtzebuerg op Strooss ze goen.

Zurück