De Kulturhaff Millermoler ass e privat geféierte Centre Culturel. D´Aktivitéiten verdeele sech op verschidde Beräicher :
- Téistuff mat Terrass a Gäschtezëmmer (mir si fairtrade-zone)
Zanter méi ewéi 10 Joer kann een um Kulturhaff Millermoler feieren a genéissen an dat mat fair gehandelte Produiten. Regelméisseg fënnt hei och e Fairtrade-Kaffi statt.
Nieft Konscht ass et och déi perfekte Plaz fir Seminarer, Couren oder Virträg ze organiséieren.
- Shop mat regionalen, biologeschen a fair gehandelte Produiten
Am Shop ginn nieft Fairtrade-Liewensmëttel och Kleeder, Poschen, Kierf a Bijouen aus dem fairen Handel verkaaft. Nieft de Kleeder, déi op Lager sinn, kënnen och Bestellonge vun de Marken Anukoo, Lana, … gemat ginn.
Op de Fair-Fashion Days presentéiere mir Kleeder vun Anukoo, Göttin des Glücks, DWP, … souwéi Schaler, Poschen a Bijouen aus dem fairen Handel.
Mir schaffen zanter 10 Joer mat faire Produiten, well mer dervun iwwerzeegt sinn, datt sozialt an ökologescht Handelen eis Welt verännere muss a kann. Hëlleft eis eng méi gerecht a fair Welt ze verwierklechen. Besicht eis op de fair-fashion-days oder bei eis um Kulturhaff Millermoler.